Neien Zentrum Nidderaanwen plangt neien Duerfkär bis 205014.07.2026Fotoen 14.07.2026

D'Gemeng Nidderaanwen plangt eng komplett Neigestaltung vun hirem Duerfkär "Am Sand", fir de staarke Wuesstem vun de leschte 15 Joer nohalteg ze begleeden. De Buergermeeschter Frédéric Ternes betount, datt d'Gemeng méi séier wéi d'Landesmoyenne wiisst an dofir d'ëffentlech Infrastrukturen, wéi Schoulen, Maison Relaisen a Sportinstallatiounen, muss un dës Entwécklung upassen. De Gewënnerprojet vum Concours, entwéckelt vum Architektebüro "Dewey Muller", setzt op de Prinzip vun de "15-Minutten", wou all Awunner bannent 15 Minutte Fousswee déi wichtegst Infrastrukture kann erreechen. D'Christine Muller vum Architektebüro erkläert, datt den Auto net méi predominant ass, mee sech an eng aner Hierarchie anuerdne muss, fir datt Foussgänger a Vëlosfuerer méi Plaz kréien.


















