Déi 43. Editioun vun der Ettelbrécker Foire agricole ass offiziell lancéiert ginn a leeft bis e Sonndenowend. D'Organisateure rechnen mat enger 50.000 Visiteuren, déi bei schéinem Wieder erwaart ginn. Traditionell hunn d'Schoulklassen de Moien den Ufank gemaach, mat 3.500 Kanner an hiren Enseignanten, déi zu Ettelbréck empfaang goufen. Fir si an déi vill aner Familljen, déi de Weekend nach kommen, hunn d'Aussteller vill verschidden Ateliere preparéiert.