Mëttwoch de Mëtteg ass d'Police zu Schëffleng op eng Tankstell an der Rue Denis Netgen geruff ginn, wou ee Sträit tëscht dräi Persoune gemellt gi war. Op der Plaz hunn d'Beamten an d'Rettungsdéngschter e beschiedegten Auto an dräi Persounen ugetraff, dovun ee mat Verletzungen. E puer vun de Persoune waren staark alkoholiséiert. De Mann, deen net kooperéiert huet, huet d'Poliziste beleidegt a gëllt duerch säin Zoustand als Gefor fir sech an anerer. D'Beamten hunn him mat an den Arrest geholl an en offiziellt Protokoll wéinst Beamtebeleidegung gemaach.