D'Initiativ "Démystifions la politique locale" vun der ASBL "Politics for all" huet leschte Weekend eng 50 Leit, virun allem Net-Lëtzebuerger, an d'Chamber invitéiert. D'Zil war et, de Bierger déi national a lokal Politik duerch en direkte Kontakt mat Politiker méi no ze bréngen. Allerdéngs war den Interessi vun de Politiker quasi inexistent – ausser engem Deputéierten a just enger Gemengeresponsabel waren déi invitéiert Politiker net op d'Rencontre citoyenne komm. D'Presidentin vun der ASBL, Clara Moraru, huet dës Tatsaach bedauert.