Avis vun der CCDHLëtzebuerger Ëmsetzung vum europäesche Migratiounspak dacks ze restriktiv 04.06.2026

D'Consultativ Kommissioun fir Mënscherechter (CCDH) huet en Donneschdeg en Avis virgestallt, deen d'Lëtzebuerger Ëmsetzung vum europäesche Migratiounspakt als ze restriktiv kritiséiert, besonnesch am Beräich vum Fräiheetsentzug. D'CCDH bemierkt, datt nei Filtrage-Zentren, déi am Kader vum Pacte migratoire opgemaach ginn, de Mënscherechter net genuch Rechnung droen. Leit ouni Openthaltsgeneemegung riskéiere quasi automatesch Agespaart ze ginn. Besonnesch beonrouegend fënnt d'Kommissioun, datt Mannerjäreger vu 16 Joer un an esou Zentre kënne festgehale ginn, wat eng national Decisioun ass, déi iwwer d'EU-Direktiv erausgeet a fir eng Verschäerfung vun der aktueller Gesetzgebung suergt. D'CCDH fuerdert d'Ewechhuele vun dëser Dispositioun aus dem Gesetz, dat bis den 12. Juni soll ëmgesat an d'nächst Woch an der Chamber gestëmmt ginn. D'Kommissioun huet och kritiséiert, datt si nëmmen e Mount Zäit fir hiren Avis hat.















