Dëse Weekend ass nees Foire agricole 03.07.2026

Dëse Weekend fënnt op den Däichwisen zu Ettelbréck déi jährlech Foire agricole statt. De Pit Beffort vum Radio 100,7 ass live viru Ort a bericht iwwert d'Evenement. D'Foire ass eng wichteg Plattform fir d'Lëtzebuerger Landwirtschaft, wou Baueren, Hiersteller a Besucher sech treffen. Nieft landwirtschaftleche Maschinnen an Déierenausstellungen ginn et och Informatiounsstänn a kulinaresch Offerte mat regionale Produiten.

Radio 100,7 Full Article













