D'FAL an d'AOPA Lëtzebuerg hunn an engem Communiqué hir Positioun zur Zukunft vum Findel festgehalen. Si betounen, dass déi allgemeng Aviatioun, dorënner Sportfligerei, Business Aviatioun a Formatiounsfléien, e wichtege Bäitrag zum lëtzebuergeschen Aviatiounssecteur leescht. Besonnesch d'Ausbildung vu Piloten hänkt vun dëser Aktivitéit of, well vill professionell Piloten an Aéroclubben a Fluchschoulen ufänken. D'Organisatiounen erkennen un, dass um Findel kloer Reegelen a Koordinatioun néideg sinn, mee si fuerderen eng Debatt op Basis vu Fakten, net vu Virstellungen.