Flughafe Findel: Net exklusiv fir déi kommerziell Aviatioun 03.07.2026

De Flughafe Findel gëtt dacks mat der kommerzieller Aviatioun verbonnen, mee d’Fédération Aéronautique Luxembourgeoise (FAL) weist drop hin, datt och déi sougenannte aviation générale, wéi Privatflich, Sportflich a Geschäftsflich, eng wichteg Roll spillt. De Generalsekretär Jean-Claude Weber erkläert, datt dës Form vu Loftfaart net nëmme fir d’Ekonomie wichteg ass, mee och fir d’Bildung an d’Innovatioun. D’FAL fuerdert dofir, datt de Findel net exklusiv fir déi kommerziell Aviatioun soll reservéiert sinn, mee datt och d’Interesse vun der aviation générale solle berécksiichtegt ginn.

Radio 100,7 Full Article













