Häerz vun der Demokratie wier e Fleegefall 14.07.2026

De President vu Fokus, Marc Ruppert, huet an enger Pressekonferenz déi aktuell Aarbecht vun der Chamber schaarf kritiséiert. Hie mengt, datt d'Häerz vun der Demokratie e Fleegefall ass, well d'Parlament sech net traut, déi grouss Problemer unzepaken. Als Beispill nennt hien d'Pensiounsdebatten, déi op no de Wale verluecht ginn, an de Logementsproblem, deen zanter Joren déi gréisste Suerg vun de Wieler ass. "D'Parlament misst Stuerm lafen", esou de Ruppert, amplaz datt kleng Schrauwen als Stolträger verkaaft ginn.

RTL Lëtzebuerg Full Article

















