Am Telekomszenter op der Gare gouf déi lescht sougenannt EWSD-Anlag ausser Betrib geholl, e symboleschen Ament deen den Iwwergang op e komplett digitalen All-IP-Reseau ofschléisst. Zanter dem 17. Januar sinn all Clienten um neie System, a fir si wäert sech praktesch näischt änneren. Telefonsgespréicher funktionéieren och weiderhin normal, just d'Technologie hannendrun ass moderniséiert ginn. Déi al Koffer-Leitunge ginn no an no aus dem Netz ausgebaut, recycléiert an duerch d'Glasfaser-Technologie ersat. Aktuell ass ee bei 93 Prozent Couverture Glasfaser uechtert Land.