De Léon Gloden mam letteschen Inneminister Igor Taro an dem zyprioteschen Inneminister Nicholas Ioannides bei engem Treffen zu Bréissel am Mäerz 2026. 04.06.2026

D'EU-Innen- a Justizminister hunn sech den 21. an 22. Mäerz zu Lëtzebuerg getroffen, fir iwwer verschidde wichteg Sujete vun der europäescher Zesummenaarbecht ze diskutéieren. Eent vun den Haaptthemen war de Schengen-Accord. De Lëtzebuerger Inneminister Léon Gloden huet betount, datt deen nees voll misst an d'Praxis ëmgesat ginn, a gesäit an deem Kontext d'Positioun vun der EU-Kommissioun, déi d'Argumentatioun vun der Lëtzebuerger Regierung géint déi däitsch Grenzkontrollen ënnerstëtzt, als positiv un. En anert Schlësselthema war den EU-Asyl- a Migratiounspak, mat besonneschem Fokus op d'Konzept vun "Returnhubs" an Drëttstaaten fir Flüchtlingen, déi net kënnen an hir Heemecht zeréckgefouert ginn. Lëtzebuerg ënnerstëtzt dës Iddi prinzipiell, awer mat der kloerer Ausnam, datt keng Fraen oder Famillje vun dohi betraff sinn. Zousätzlech gouf d'Méiglechkeet vun enger temporärer Verlängerung vum Schutzstatut fir Ukrainer diskutéiert, wou Lëtzebuerg fir eng gemeinsam europäesch Haltung plädéiert.















