Ab September gëtt de Rekrutéierungsprozess fir eng Plaz beim Staat harmoniséiert. Potentiell Beamten an Employéeën mussen dann de selwechte Wee goen: Si mussen sech fir eng bestëmmte fräi Plaz umellen an duerno am Rekrutéierungszentrum um Kierchbierg déi sougenannten "Epreuve d'Aptitude Générale" ofleeën. Dësen Test war bis elo nëmme fir Beamten obligatoresch, gëllt awer an Zukunft och fir Employéeën.