Am Kader vu reegelméissege Kontrollen, déi zanter e puer Joer vun der Inspection sanitaire vun der Direction de la santé gemaach ginn, gouf rezent d'Presenz vun der Tigermustik zu Bouneweg nogewisen. Dës Mustik kann Krankheete wéi Dengue-Féiwer a Chikungunya iwwerdroen, déi ëmmer méi dacks an Europa optrieden, besonnesch an der Regioun ëm Lëtzebuerg. A Frankräich ginn all Summer Fäll vun dëse Krankheete gemellt.