Vill Stress, wéineg WaasserHéichsaison fir d'WëlldéierestatiounFotoen 0 25.06.2026

An der aktueller Hëtztperiod ass d'Wëlldéierestatioun an Héichsaison. De Georg Xander, Responsabele vun der Statioun, erkläert datt net all Déier mënschlech Hëllef braucht. Hie recommandéiert, virun allem no engem méigleche Nascht an der Géigend ze sichen, ier een en Déier matgehëlt. Wa se awer blesséiert sinn, soll een se op jidder Fall an den Drop-Off bréngen, och wann een e schlecht Gefill huet, well een se net eleng loosse wëll. Eng einfach Hëllef, déi jiddweree leeschte kann, ass frëscht Waasser an eng flaach Schossel opzestellen a regelméisseg ze wiesselen. Dat hëlleft ville Wëlddéieren, déi duerch d'Hëtzt a Waassermangel gestresst sinn.

RTL Lëtzebuerg Full Article














